Un eisem
Chalet an och an eiser Cité jardinière
ass 2020 vill geschafft ginn.
Och hu mir schléifer bei eis an der Garage, Siweschléifer, si sinn ganz léif, a kucken eis bei der Aarbecht och mol iwwert Schëller.
Och eisen Dach vum Chalet huet e puer nei Zille kritt.
26/10/20 Dës Woch sinn eis Hecken an der Cité jardinière geschnidde ginn.
Leider huet eis schéin Thuya, déi leider futi war och misse geschnidde ginn.
07/11/20 Gaart an Heem Nidderkuer 12 Tonnen Mëscht vir eis Lokatären krit, an direkt verdeelt a verschafft.
Schof sinn erëm bei eiser Cité jardinière zu Nidderkuer
Maueren am Chalet sinn nei ugestrach ginn.
Och baussen hannert dem Chalet ass de Chalet erëm Wanterfest gemaach ginn. Maueren sinn nei gespachtelt an nei ugestrach ginn.
Virum Chalet ass dann och nei ugestrach ginn.
Nei Luuchten sinn un de Plaffong installéiert ginn.
An eisen groussen oppenen Kamäin hu mir en Asaz dran gesat, mir brauchen manner Holz an Feier hetzt de ganze Chalet.
Och an eiser Cité jardiniére ass vill geschafft ginn.
De Coronavirus huet eis e Stréch duerch Rechnung gemaach,
wéi bei e sou villem.
Mir kënnen Mammendag dëst Joer net mat eise Mammen an eisem schéinen Chalet feieren.
Awer haut ass Mammendag
an dësen Dag am Kalenner-Joer gehéiert eise Mammen, op Virus oder wat och ëmmer
an dobäi misst en Si 365 Deeg am Joer feieren.
De Gaart an Heem Nidderkuer gratuléiert dofir häerzlech all Mammen.
Virun allem wëlle mir hinne häerzlech Mercie soen,
Merci fir hier Léift,
Merci dass et Sie gëtt.
Si sinn ëmmer vir eis do wa mir si brauchen.
Merci.
Léif Memberen, léif Frënn vum Gaart an Heem Nidderkuer
Den Abrëll ass eriwwer, mir sinn am Mee a wëlle feieren den Dag vun der Aarbecht. Leider ass do de Corona den eis verhënnert mat eneen ze feieren. Erënneren un eis schéin Feieren vum 1. Mee. kann hien eis net huelen. Mir wënschen Iech haut e ganz besonnesche schéinen Feierdag mat ganz vill schéin Erënnerungen a Glécksgefiller vir är Séil.
Bleift Gesond a bis geschwënn.
Op der Regionaldelegéiertenversammlung den 08. Mäerz 2020 zu Kehlen, sinn och 3 Memberen vir 40 Joer Gaart an Heem, aus eiser Sektioun geéiert ginn. Dëst waren Den Här Schmit Marci, Hartung Fred an Reiffers Johny. Eis Felicitatioun an e grousse Merci vir hier trei an laangjäreg Ënnerstëtzung an eisem Veräin. Op der Eis Memberen Hartung Fred an Reiffers Johny waren verhënnert, an konnten leider net der bei sinn. Si kréien hier Medail Hemm bruecht.
An der Corona Zäit ass och an eiser Cité jardinière, de Virschrëft no geschafft ginn. Eise Chalet bannen huet eng nei Faarf kritt, en ass méi hell gemaach ginn.
Eise Waasserrouer den am Wanter geplatzt war ass och nei gemaach ginn
De Schued, den Wëllschwäin gemaach haten, ass och behuewe ginn. Merci dem Guy Tempels vir seng Aarbecht.
Och ass de Bësch nieft eisem Bongert vun SICONA zréck geschnidde "gebotzt" ginn.
Fuesmatinée an eiser Cité jardinière
Ob Helau oder Alaaf
Egal a wat engem Deel vun eisem Land
De 16. Februar war och beim Gaart an Heem Nidderkuer Fuesent
Mir hunn eis verkleet an hunn gefeiert mat engem klengen flotten Fest, déi 5. Joreszäit.
Léif Memberen, Frënn a Bekannten, dir waart bereet mat eis ze Feieren
Op Sonn, Schnéi oder Reen, Fuesent ass flott a Geckeg
well jiddereen kann hei en anere sinn
den een grouss, den aner kleng
den een Deck, den aner Dënn
Déi eng war en verkleet, déi aner net
Deen en als Rat den aner als Freed Feiersteen
vum Päiperlek bis zum Punk
Mexicaner an och e Béierfaass waren derbäi,
egal Haaptsaach Spaass.
Merci un all déi en mat eis e puer
flott an Geckeg Stonnen verbruet hunn.
Merci vir är Ënnerstëtzung
Bëschbotzaktioun 2020 an der Gemeng Déifferdeng.
Eraus,eraus!
Klenggäertner eraus!
Kuckt, d'Sonn laacht schon iwerd' Gaarden, D'Villercher sin och schon op,
Frösch eraus, loosst si net waaerden.
De Gaart an Heem Nidderkuer war haut och bei der Bëschaktioun derbéi. Mir hunn ronderem den Giele Botterbierg zu Nidderkuer gebotzt. Leider hu mir och hei nach 4 grous Plastik's Tuten voll kritt. Ed war e flotten Moien
Generalversammlung
19. Januar 2020
am Hôme zu Nidderkuer