Léif Memberen, léif Frënn vum Gaart an Heem Nidderkuer. De 16. an de 17. November ware mir zu Déifferdeng op der Maartplaz um Hobby Maart wou mir am grousse Chalet Kaffisstuff gemaach hunn. Mir soen iech e grousse Merci vir äre Besuch bei eis an der Kaffisstuff.
24.03.24. Mir ware mat enger klenger Delegatioun um Kongress am Stater-Theater vertrueden. Wéinst der 100 Järeger Feier déi déi dréi Gaart an Heemer: Nidderkuer, Déifferdeng an Uewerkuer 2025 Feieren, gëtt dann och den CTF-Kongress 2025 zu Déifferdeng organiséiert. An dem Kontext war Déifferdenger Gemeng invitéiert fir eis Gemeng hei virzestellen. Den Här Schäffe Gerard "Jerry" Hartung huet eis Gemeng hei ganz gutt vertrueden a mat enger flotter Ried eis Gemeng an allen Hinsichten gutt presentéiert. Och fir déi dréi Gaart an Hemm Veräiner aus der Gemeng, hat hien mat e puer schéi a Sympathescher Wieder virgestallt. Mir freeën eis all op 2025 wou e mir eis 100 Joer zesumme mat eise Membere kënne feieren.
E Freiden den 29/03/24 sinn Nidderkuerer Schoulkanner aus dem Précoce bei den Ouschterhues Ouschtereeër, déi hien an eiser Cité jardinière verstoppt hat, siche komm. Trotz Reen a Bulli war freet bei de Kanner grouss. Duerno am Chalet bei Gedrénks a Kuch, hunn si vum Ouschterhues, wëllen si sou brav waren, nach eng Titchen mat engem Schockelas Hiesche krit.
Leider war dëst Joer eist Summerfest Samschdes de 27. Juli Wuertwiertlech an Waasser gefall. Dofir hate mir awer Sonndes ganz schéi Wieder a vill vun eise Memberen a Frënn sinn eiser Invitatioun nokomm. Hinnen all e grousse Merci. Och ganz grousse Merci un all eis Gutt Frënn(dinnen) déi en eis all Joers heibäi gutt hëllefe kommen. Séiw dat duerch opriichten, oder den Dag selwer op der Platz sinn. Merci och un eis Sponsoren déi en eis all Joers flott Saache spenden fir an eis schéin Tombola.
Merci, merci merci.
Hei e puer Fotoen vun de Preparatiounen:
Hei dann déi eng an déi aner Foto vum Samschden den leider an Waasser gefall war.
An hei dann e puer flott Fotoen vu Sonndes bei schéinem Wieder.