Kommentare: 5
  • #5

    Gaart an Heem Uewerkäerjeng (Mittwoch, 13 Oktober 2021 14:06)

    Léif Memberen vum Gaart an Heem Nidderkuer,

    Heimat wëlle mir ons nach eng Kéier ganz häerzlech fir aeren wonnerbaren Accueil vu gescht bedanken.
    Dei gebueden Informatiounsversammlung wor excellent organiséiert a sécher nëtzlech. Iwwerhaapt huet ons dee ganzen Owend an Äerer Mëtt voll a ganz begeeschtert.

    Bis geschwen, léif Noperen

    Sascha, Romy a Christophe,
    (Gaart an Heem Uewerkäerjeng)

  • #4

    Den Gaardenries (Montag, 16 August 2021 12:52)

    Léif Frenn vum Gaard an Heem vun Nidderkuer,
    Ech war den 31.Juli an och Sondes den 01. August op aerem Summerfest 2021 a hun fest gestallt dass et erem mega gutt organiseiert war,vill Auswiehl fir z'iesen,gudden an frendlechen Service ,apart d'Sangria déi war excellent awer och aer Tombola an d'Musik waren richteg flott.
    Ech muss iech nemmen félicitéieren a wënschen iech nemmen dat Bescht fir d'Zukunft

  • #3

    Den Gaardenries (Sonntag, 14 Juni 2020 00:42)

    Ech wënschen all den Mammen aus aerem Verein een ganz schéinen Mammendag
    Bleiwt Gesond a Monter

  • #2

    Den Gaardenries (Montag, 01 Juni 2020 15:31)

    Salut dir léif Kollègen aus dem
    Gaart a Heem Nidderkuer.
    Ech war virun 3 Deeg mol erem emol duerch äer Cité Jardinière getreppelt,ech muss soen dass ech astaunt war ewei schéin déi Gärt sin an elo alles esou schéin opgeraumt ass.
    Félicitatioun iech all vum Verein an all deenen Memberen déi een Gaart do hun.
    Macht esou weider BRAVO

  • #1

    Den Gaardenzwerg (Montag, 20 Januar 2020 13:15)



    Hei sinn ech erëm no laanger Zäit,ech wollt iech Zäit loossen fir ze kucken wei der iech géift entwéckelen, ech mengen natierlech den neien Comité.

    Ech war jo an der Generalversammlung en Sonnden den 19/01/2020 ,also ech kann nëmmen soen Chapot,Chapot,Chapot .

    Dat wat dir an deenen leschten puer Méint gelëscht hutt dat sicht senges Gleischen,do kennen der vill sech eng Nues voll huelen,et huet en gemierkt dass der endlech déi al Lascht lass sidd .Esou vill Leit hunn ech schonn Joren laang net méi an enger Generalversammlung vum Gaart an Heem gesinn,Kompliment,och war et eng ganz flott Versammlung,déi Powerpoint Show super,an och déi Idee fir emol erëm Blummestäck an der Tombola ze hunn ass wonnerbar bei ären Memberen un komm.

    Dir Dammen an dir Hären,weider esou ,ech verbeugen mech ,an freeën mech elo schonn op dat wat eis nach an Zukunft erwaart.

    An dem Sënn,
    Eraus,eraus, kleng Gärtner eraus........