Gaart an Heem Nidderkuer a.s.b.l.

Häerzlech wëllkomm op eiser Home Page


Klenggäertner leeschten en wichtegen ökologesch Aarbecht an eiser Stad. Op dëst duerch Aartevillfalt, Strukturräichtum, Notzung vun Reewaasser oder de verzicht op Pestiziden. Natur-Gäert beräicheren Flora an Fauna an verbesseren eist Klima an der Gemeng

De Gaart, e flotten Hobby fir ganz Famill

Ween e Gaart huet, leescht e wichtegen Deel zu der Erhalung vun der Natur, fuerdert duerch méi Gréng's,  d'Vilfalt  an natierlech Liewensraim fir verschidden Planzen an Déier-Aarten. Och  de Mënsch villt sech am Gaart wuel, e dass eng kléng Oas an eisem Stressegem Alldag.

Dofir steet de Gaart an Heem Nidderkuer  ënnerstëtzt och dir eise Veräin, mat nëmmen 10 Euro am Joer

 

  Gitt och Dir Member an eisem Veräin


Virdeeler vun engem eegenem  Gaart.

 

Äert eegent Geméis ubaue bitt vill Virdeeler déi wichteg si fir Är Gesondheet an Äre Budget:

D'Geméis ass fräi vu Pestiziden. 

Hausgemaachte Geméis ass fräi vun den aggressiven Dünger, déi an der Landwirtschaft benotzt ginn.

Dir hutt Kontroll iwwer d'Kultivatiounsmethoden a kënnt op chemesch Substanze verzichten.  

Frësch  Geméis aus dem eechenem Gaart schmaacht einfach besser.

Dir kënnt alles, Tomaten, Gromperen, Wuerzelen, Zalot an an an, direkt virun der Virbereedung an de Gaart siche goe,  an de volle Geschmaach genéissen.

 Am Supermarché gëtt  dacks vill Zäit tëscht der Recolte an dem Konsum verluer, dat heescht datt Vitaminne verluer ginn.  

Geméis aus dem eechenem Gaart gëtt och vill méi bëlleg.

Duerch Äert eegent Geméis, reduzéiert Dir Transportkäschten a Verpackungsmaterial. Dëst ass net nëmmen ëmweltfrëndlech, mee och nohalteg.  

Ze wëssen datt ee séin  eegent Geméis ugebaut huet, gëtt engem Gefill  eppes erreecht ze hunn.

Et ass eng schéin a lounend Aktivitéit déi Dir mat Ärer Famill deele kënnt. 


CTF- Kongress am Stater-Theater

24.03.24. Mir ware mat enger klenger Delegatioun um Kongress am Stater-Theater vertrueden. Wéinst der 100 Järeger Feier déi déi dréi Gaart an Heemer: Nidderkuer, Déifferdeng an Uewerkuer 2025 Feieren, gëtt dann och den CTF-Kongress 2025  zu Déifferdeng organiséiert. An dem Kontext war  Déifferdenger Gemeng invitéiert fir eis Gemeng hei virzestellen. Den Här Schäffe  Gerard "Jerry" Hartung  huet eis Gemeng hei ganz gutt vertrueden a mat enger flotter Ried eis Gemeng an allen Hinsichten gutt presentéiert. Och fir déi dréi Gaart an Hemm Veräiner aus der Gemeng,  hat hien mat e puer schéi a Sympathescher Wieder virgestallt.  Mir freeën eis all op 2025 wou e mir eis 100 Joer zesumme mat eise Membere kënne feieren.


Bëschbotz Aktioun zu Déifferdeng

23. 03. 24. Mir waren bei der Bëschbotz Aktioun Déifferdeng um Giele Botter derbéi.


Kirrwiller

28. Januar 2024


99. Generalversammlung  2024

 De Gaart an Heem Nidderkuer a.s.b.l. seet all sengen Memberen, Frënn a Bekannten Merci fir hier Presents op hierer Generalversammlung den 14. Januar 2024 am Hôme zu Nidderkuer.