Summerfest 2021

Vum 27. Juli sinn eis Preparatiounen fir eist Summerfest op Héichtouren gelaf.

E grousse Merci un eis Gemeng Déifferdeng. Een Dag virun eisem Fest huet  Gemeng eis dann och de Wee fir op eise Parking hannert dem Chalet provisoresch an Rei gesat.

Samschdes den 31. Juli  14:30 Mat  Corona - Check, eist Summerfest huet endlech no 1 Joer Paus e rëm ugefaangen. 2 Deeg hu mir an eiser schéiner Cité jardinière gefeiert. e grousse Merci un all eis Memberen, Frënn an Famill déi en eis wärend dësen 2 Deeg hei besicht hunn.


1 Meefeier

De Gaart an Heem Nidderkuer feiert den Dag vun der Aarbecht. 

Am grousse Bësch beim Roudenhaff. Loft ass frësch an de Bësch ass Gréng, déi kleng Meegläckelcher  bléien an Schlësselblummen der nieft. De Bësch-Buedem ass schonns schéin faarweg. Wou fill Gréng Gestrëpp's mat Blieder zesumme waren hu mir Halt gemaach.  Zu 1,2,3 a 4 lafe mir an schneiden, net ze vill awer genuch, Streiss fir eise Meekranz.  Streiss ginn zesumme gebonnen, zu engem Kranz, schéi ronn solle e ginn, nach e Strauch hei an nach en do. An d'Mëtt vum Kranz dann nach eist Schëld "Gaart an Heem Nidderkuer" No enger gudder Stonn an der frëscher Bësch-Loft, hunn mir eis dann nach mat enger gudder Fläsch Béier an engem Bréitchen gestäerkt. Déi eng oder aner Retusch ass nach um Meekranz gemaach ginn an eise klengen, schéinen a ronnen Meekranz war fäerdeg.


Mouke Wanderung zu Lasauvage

Mouke Wanderung zu Lasauvage

Haut huet eng Delegatioun vum Gaart an Heem Nidderkuer den Mouken iwwert Strooss gehollef. 41 Mouken hate mir gesammelt an bei de Weier bruecht wou si hier Eeër "Läich/Fräschebruck" an d’Waasser ofleeën kënnen, ouni dass en si op der Strooss vun engem Auto iwwerwannt konnte ginn. 


Den Ouschterhues an eiser Cité jardinière

Den 2. Abrëll, den Ouschterhues hat seng Eeër an och Schockela an eiser Citè jardinière zu Nidderkuer verstoppt. 27 Nidderkuerer Schoulkanner hunn gutt gesicht a vill Schockela an Eeër mat Heem geholl.


Uebstbamschnatt 2021

20. Mäerz 2021.

Mir haten an eiser Cité jardinière e Uebstbamschnett mam Här Bintener Remy organiséiert. Et war ganz intressant an dem Här Bintener Remy huet et och gutt bei eis gefall. 


Generalversammlung 2021

Den 14. Mäerz 2021 hate mir eis Generalversammlung  am Hôme zu Nidderkuer. Wéinst der aktueller Corona Pandemie hu mir eis un déi Sanitär Reegelen gehalen. Dowéinst sinn mir leider mat den Sëtzplazen limitéiert gewiescht. Trotz allem waren e puer   Memberen eiser Invitatioun no komm. 

 



Cité jardinière am Schnéi


DE WEE VUM SCHOULGAART  GET  NEI  GEMACH