E Chrëschtbeemchen an eiser Cité


Un eisem

 

Chalet an och an eiser Cité jardinière

ass 2020 vill geschafft ginn. 

Och hu mir  schléifer bei eis an der Garage,  Siweschléifer, si sinn ganz léif, a kucken eis bei der Aarbecht och mol iwwert Schëller.

Och eisen Dach vum Chalet huet e puer nei Zille kritt.

26/10/20  Dës Woch sinn eis Hecken an der Cité jardinière geschnidde ginn.

Leider huet eis schéin Thuya, déi leider futi war och misse geschnidde ginn.

07/11/20 Gaart an Heem Nidderkuer 12 Tonnen Mëscht vir eis Lokatären krit, an direkt verdeelt a verschafft.

Schof sinn erëm bei eiser Cité jardinière zu Nidderkuer

Maueren am Chalet sinn nei ugestrach ginn.

Och baussen hannert dem Chalet ass de Chalet erëm Wanterfest gemaach ginn.  Maueren sinn nei gespachtelt an nei ugestrach ginn.

Virum Chalet ass dann och nei ugestrach ginn.

Nei Luuchten sinn un de Plaffong installéiert ginn. 

An eisen groussen oppenen Kamäin hu mir en Asaz dran gesat, mir brauchen manner Holz an Feier hetzt de ganze Chalet.

Och an eiser Cité jardiniére ass vill geschafft ginn.


Juni 2020 Schof sinn an eiser Cité jardinière ukomm.


E flotten Mëtteg mam Gaart an Heem um Gielebotterbierg zu Nidderkuer


Mammendag 2020

De Coronavirus huet eis e Stréch duerch Rechnung gemaach,

wéi bei e sou villem.

Mir kënnen Mammendag dëst Joer net mat eise Mammen an eisem schéinen Chalet feieren.

Awer haut ass Mammendag

an dësen  Dag am Kalenner-Joer gehéiert eise Mammen, op Virus oder wat och ëmmer

an dobäi misst en Si 365 Deeg am Joer feieren.

De Gaart an Heem Nidderkuer gratuléiert dofir häerzlech all  Mammen.

Virun allem wëlle mir hinne häerzlech Mercie soen,

Merci fir hier Léift,

Merci dass et  Sie gëtt.

Si sinn ëmmer vir eis do wa mir si brauchen.

 

Merci.


Léif Memberen,  léif Frënn vum Gaart an Heem Nidderkuer

 

Den Abrëll ass eriwwer, mir sinn am Mee a wëlle feieren den Dag vun der Aarbecht. Leider ass do de Corona den eis verhënnert mat eneen ze feieren.  Erënneren  un eis schéin Feieren vum 1. Mee. kann hien eis net huelen. Mir wënschen Iech  haut e ganz besonnesche schéinen Feierdag mat ganz vill schéin Erënnerungen a Glécksgefiller vir är Séil.

 

Bleift Gesond a bis geschwënn.


Foto: riets den Här Leon Theis "Präsident Regional Süden" an der Mett "Madamm Dr. Mergen Martine " Präsidentin CTF-Liga" an eisen Comité's Member den Här Marci Schmit "CTF-Nidderkuer"
Foto: riets den Här Leon Theis "Präsident Regional Süden" an der Mett "Madamm Dr. Mergen Martine " Präsidentin CTF-Liga" an eisen Comité's Member den Här Marci Schmit "CTF-Nidderkuer"

Op der Regionaldelegéiertenversammlung den 08. Mäerz 2020 zu Kehlen, sinn och 3 Memberen vir 40 Joer Gaart an Heem, aus eiser Sektioun geéiert ginn. Dëst waren Den Här Schmit Marci, Hartung Fred an Reiffers Johny. Eis Felicitatioun an e grousse Merci vir hier trei an laangjäreg Ënnerstëtzung an eisem Veräin. Op der  Eis Memberen Hartung Fred an Reiffers Johny waren verhënnert, an konnten leider net der bei sinn. Si kréien hier Medail Hemm bruecht.


An der Corona Zäit ass och an eiser Cité jardinière, de Virschrëft no geschafft ginn. Eise Chalet bannen huet eng nei Faarf kritt, en ass méi hell gemaach ginn.


Eise Waasserrouer den am Wanter geplatzt war ass och nei gemaach ginn


De Schued, den Wëllschwäin gemaach haten, ass och behuewe ginn. Merci dem Guy Tempels vir seng Aarbecht.


Och ass de Bësch nieft eisem Bongert vun SICONA zréck geschnidde "gebotzt" ginn.


Fuesmatinée an eiser Cité jardinière

Ob Helau oder Alaaf

Egal a wat engem Deel vun eisem Land

De 16. Februar war och beim Gaart an Heem Nidderkuer Fuesent

Mir hunn eis verkleet an hunn gefeiert mat engem klengen flotten Fest, déi 5. Joreszäit.

Léif Memberen, Frënn a Bekannten, dir waart bereet mat eis ze Feieren

 

Op Sonn, Schnéi oder Reen, Fuesent ass flott a Geckeg

well jiddereen kann hei en anere sinn

den een grouss, den aner kleng

den een Deck, den aner Dënn

Déi eng war en verkleet, déi aner net

Deen en als Rat den aner als Freed Feiersteen

vum Päiperlek bis zum Punk

Mexicaner an och e Béierfaass waren  derbäi,

egal Haaptsaach Spaass.

 

Merci un all déi en mat eis e puer

flott an Geckeg Stonnen verbruet hunn.

Merci vir är Ënnerstëtzung


Bëschbotzaktioun 2020  an der Gemeng Déifferdeng.

 

Eraus,eraus!

Klenggäertner eraus!

Kuckt, d'Sonn laacht schon iwerd' Gaarden, D'Villercher sin och schon op,

Frösch eraus, loosst si net waaerden.

 

De Gaart an Heem Nidderkuer war haut och bei der Bëschaktioun derbéi. Mir hunn ronderem den Giele Botterbierg zu Nidderkuer gebotzt. Leider hu mir och hei nach 4 grous Plastik's Tuten voll kritt. Ed war e flotten Moien


Generalversammlung 

19. Januar 2020

am Hôme zu Nidderkuer