Chrëschtmaart bei den Käschtefrënn Déifferdeng

De 17. Dezember 2019 eise Veräin huet den Déifferdenger Käschtefrenn um Chrëschtmaart zu Déifferdeng gehollef.

 

Den 20. Dezember 2019 eise Veräin huet Bréidercher mat Würstercher a Sauermous gemach. Den Aléis war fir Fondatioun Kriibskrank Kanner.


Eng klëng delegatioun vun eisem Veräin um Déifferdenger Chrëschtmaart 2019


Journée de Commémoration Nationale  zu Nidderkuer

13. Oktober 2019


Regionalkommissioun Süden

den 23. Oktober zu Biergem 

Eise Veräin war  mat 9 Memberen gutt vertrueden.

 


20 Joer Tëtelbiergbléiser Nidderkuer

Haut 27. Oktober 2019 ware mir bei den Nidderkuerer Tëtelbiergbléser op hierem 20. Gebuertsdag mat flotter Musik engem gudden Iessen an engem Schéinen a gudden Kuch

E flotten Dag ënner gutt Frënn

 


Diner de remerciement 2019

Wat wär e Bläistëft ouni Minn,

Wat wär en Zuch ouni Schinnen,

Wat wär e Gaart ouni Geméis a Blummen,

Wat wäre mir ouni Iech, 

Merci dass et iech gëtt.

Et ginn vill Saachen déi en net mat Geld kann bezuelen, wuel awer mat engem Laachen, enger klenger Opmierksamkeet an engem Merci. Dofir war et eis eng grouss Éier a Freed, Iech op e klengt Frënschaftsiessen ze invitéieren. Et war e flotten Dag mat engem gudden Iessen enner gudden Frënn. E grousse Merci geet och un Armancean dat eis den gudden "Prince Orloff mat gratiéierten Gromperen a Geméis" gemaach huet.  E Merci dem Marie Louise dem Marki an dem Leon vir déi flott Dekoratioun, dem Monique an dem Catherine vir den gudden Dessert. Nom Iessen hu mir mat enger flotter POWER-POINT Virstellung iwwert d'Aktivitéiten vum eisem Veräin, déi mat engem klenge Quiz verbonne war,  gutt amuséiert.


Déi 2 läscht Zelter sinn ofgerappt

1 Dach vum Tornado zerrappt.

Garage an Ofstell-Chaleten alles gutt geraumt

all eis Material gutt verstaut.

No 4 Stonnen intensiver Aarbecht

Gegrillt am Damp, ech hunn ginn, nëmmen méi bescht.

Gegrillt's mat engem Patt Rosé oder Fläsch Béier war gutt.

Och Taass Kafe mat 1, 2 oder 3 Stecker Taart si gerutscht.


Haut den 24. Juli 2019 sinn +/- 200 Schof  bei eiser Cité jardinière laanscht komm.

Fotoen an Video vun de Schof

op eiser Säit "EIS Citè Jardinière" oder hei drécken.

 


De Weekend vum 19. 20. an 21. Juli war de  Gaart an Heem Nidderkuer all Dag ënnerwee.

 

Freides op der ofizieller ouverture vun der Nidderkuerer Kiermes, hei waren net nëmmen de Comité ënnerwee, mee och Memberen aus dem Veräin haten sech eis ugeschloss. 

Samschdes waren mir um Summerfest vum Club  Seniore Prënzebierg  Déifferdeng am Park Gerlach.

Sonndes waren mir eis Uewerkuerer Garde Frënn op hiert Summerfest am Bëschendall zu Uewerkuer besichen. 

Op der Nidderkuerer Kiermes

Bei den Garde-Frënn vun Uewerkuer

 beim Club Senior Prënzebier



Eist Summerfest 2019 get opgeriecht


Eist Summerfest Samschdes den 03. August 2019

Eist Summerfest Sonndes den 04. August 2019


De Gaart an Heem Nidderkuer war gutt vertrueden am Cortège um Virowend vum Nationalfeierdag


Mir hunn eise Sprangbur e bëssi gebotzt an gefleckt. An duerno ass eng gutt Stéck Baguette mat engem gudde Rondel Wëllschwäin-Zoossiss giess ginn..


An eisem Chalet ass e bëssi Renovéiert ginn, mir hunn den aale Comptoir

eraus gerappt an och e bëssi nei Faarf un Maueren gepinselt.

No der Aarbecht ass eng gutt Taass Kafe mat Taart a Kuch, déi Monique gebak hat, giess ginn.


" 5 em. Prix de mérite sociétal 2019" 

 

och vir de Gaart an Heem Nidderkuer.

 

All Joer's vergëtt Gemeng Déifferdeng den Ordre de Merite un verschidden Veräiner aus der Gemeng Déifferdeng.

06. Mee 2019, e flotten Owend hunn eis 4 Delegéiert Memberen (Jerry &  Isabelle Haupert, Marie-Louise & Marci Schmit ) am Aale Stadhaus verbruecht. Si hunn vum Buergermeeschter an Jerry Hartung en den Diplom an e klenge Kaddo (Koriander-Stack) Iwwerrescht krit. De Buergermeeschter huet den schéinen Challé an déi flott Cité jardinière déi mir zu Nidderkuer hunn gelueft. Dat ganzt ass duerch den Saxophoquartett vun der Déifferdenger Museksschoul begleet ginn. Mat engem  Buffet an engem gudde Patt ass den Owend dann op en Enn gaangen.

Eis Felicitatioun geet och un Madamm Eugenie Biever-Schumann an un den Abbé Jos Weisgerber déi en fir hier laangjäreg an onermiddlech Benevole Aktivitéiten an de Veränner extra geéiert gi sinn.


Fréijoersfest 2019

1 Meefeier 2019

Kongress 2019 zu Rood-Syre


Ouschterhues an eiser Cité jardinière 1/04/19


Generalversammlung  2019 am Hôme zu Nidderkuer