Léif Memberen, an och net Memberen, léif Frënn a Bekannten,
mir invitéieren Iech all ganz häerzlech op e gemittlecht
Fréijoersfest an der Cité jardinière zu Nidderkuer.
Et gëtt alles, wat e flotten Dag ausmécht:
🍺 Béier Happy Auer vu 17:00 bis 18:00 Auer 🍺
Kommt mat Famill a Frënn, setzt Iech dobäi, schwätzt, laacht a genéisst zesumme mat eis e puer agreabel Stonnen an enger flotter Ambiance.
Mir freeën eis schonn elo drop, Iech ze gesinn! ❤️
All Informatioune fann dir op eisem Flyer hei ënnen drënner.
Mam Remy Bintener an der Cité Jardinière, Nidderkuer
Léif Memberen, léif Gaarde-Frënn.
E Bamschnëtt ass eng wichteg Aarbecht am Gaart, well se dozou bäidréit, d’Gesondheet an d’Wuesstum vum Bam ze verbesseren. Beim Schnëtt ginn dout, krank oder ze dicht Äscht ewechgeholl, fir datt méi Sonneliicht a Loft un d’Kroun kënnt an d’Uebst besser reift. Déi richteg Technik hëlleft och, d’Form vum Bam ze gestalten an d’Erträg ze steigeren.
Fotoen vun der Fues-Matiné am Chalet
Gilbert Brachmann, Steve Metz
Leon Kayl , Irène Stoffel, Marina Pyen, Jerry Haupert, Annette Weber , Arthur Wintringer
Rapport vun eiser Generalversammlung 2026
Resumé vun de wichtegsten Eventer a Resolutiounen.
Den 18. Januar 2026 huet d'Generalversammlung vun eisem Veräin zu Nidderkuer an der Sportshall stattfonnt. D'Versammlung huet um 15:00 Auer ugefaangen a war vu ville Memberen, Frënn gutt besicht.
De President Jerry Haupert huet d'Versammlung opgemaach an all déi Uwesend Memberen, Frënn a Vertrieder vun de Lokalen Veräiner häerzlech begréisst. Vun der CTF-Liga konnt hien den President vum Bezierk Südenden Här David Hengen begréissen. Vun der Déifferdenger Gemeng de Buergermeeschter den Här Guy Altmeisch sou wéi aus dem Schäfferot den Här Gerard Hartung, an aus dem Gemengerot, d‘ Hären François Meisch a Claude Olten begréissen. Hien huet dann och nach allen Uwiesenden Gäscht e schéint a Gesond neit Joer gewënscht. Zesumme fir d’Zukunft – En Erfolleg dank staarkem Engagement. Zum Gedenken un eis verstuewe Memberen huet de President seng Usproch mat enger Minutt Rou gestart. D’Feierlechkeeten an d’Evenementer vum leschte Joer ware fir eise Veräin e bedeitende Succès a wäerten als wichtege Meilesteen an eis Geschicht agoen. Dat war nëmme méiglech duerch den Asaz vum Comité, dem Organisatiounscomité, eisen Memberen, Volontairen, an der exzellenter Zesummenaarbecht mat der Gemeng an eise Partnerveräiner. De President huet all deene Merci gesot, déi sech mat vill Engagement an Zäit agesat hunn – vun der Organisatioun bis hin zu deenen, déi mat hirer Präsenz de Festivitéiten eng besonnesch Atmosphär ginn hunn. Eng speziell Unerkennung geet och un d’Gemeng fir hir finanziell, materiell a technesch Ënnerstëtzung, déi villes erméiglecht huet. E grousse Merci geet un de Jean Lorgé a säin Organisatiounscomité, déi mat vill Erfahrung a Leeschtung e bedeitende Bäitrag zum Erfolleg geleescht hunn. Besonnesch gedankt gëtt och all deenen, déi am Hannergrond gehollef hunn. Mir sinn houfreg, d’100 Joer Veräinsgeschicht an enger gelongener Broschür festgehalen ze hunn, déi nach ëmmer verfügbar ass. Villmools Merci un all eis Sponsoren, Annonceuren, Donnateuren an de Comité de Patronage, déi d’Realitéit vun dëser Publikatioun iwwerhaapt erméiglecht hunn. E spezielle Merci och un den Historiker Armand Logelin an d’Fondatioun Bassin Minier fir hir wichteg Bäiträg. De President huet säi Comité fir d’staarkt Engagement am leschte Joer gelueft a betount, wéi houfreg hien ass, dass mir als klenge Veräin mat vill Zesummenhalt a Solidaritéit esou vill Leit mobiliséiere konnten. Mir kucken optimistesch an d’Zukunft a wëlle weider Projeten entwéckelen, déi d’Attraktivitéit an d’Nohaltegkeet vum Veräin stäerken – mat Respekt virun eisen Traditiounen a mam Bléck op déi nei Erausfuerderungen. All eis Aktivitéiten an aktuell Informatiounen fannt Dir och dëst Joer op www.ghnidderkuer.lu.
Réckbléck op d’Veräinsjoer 2025
Den traditionelle Joresbericht vum Sekretär Arthur Wintringer huet d’Haaptpunkte vum Veräinsjoer 2025 zesummegefaasst. Zu den Héichpunkten huet d’feierlech 100. Jubiläumsfeier gezielt, wéi och d’Ëmsetzung vu verschiddene Projeten. Trotz technesche Schwieregkeeten bei der Presentatioun konnt de Sekretär déi wichtegst Evenementer ervirhiewen.
D’Generalversammlung vum 19. Januar 2025 am Sportshall Nidderkuer war mat 106 Participanten gutt besicht. De Käschtefrënn vun Déifferdeng gouf e Scheck vun 500 Euro iwwerreecht. Leider huet d’Memberzuel ëm 10 ofgeholl, soudatt de Veräin Enn 2025 op 327 Memberen gezielt huet. Am Laf vum Joer hat de Comité 13 Versammlungen ofgehalen, de Veräin war op 14 Manifestatiounen vertrueden an huet selwer 16 Evenementer organiséiert. Zousätzlech gouf intensiv an der Cité Jardinière geschafft.
D’Finanzen hu sech stabil gewisen; de Keessjee Alain Schartz huet d’Akommes an Ausgaben transparent presentéiert, an d’Konten goufe vun de Revisorinnen als korrekt bestätegt.
No de Berichter gouf de Comité per Akklamatioun entlaascht an d’Vertrauen fir dat nächst Joer erneiert. Bei de Comitéswalen sinn dräi Memberen (Marina Payen, Gilbert Brachmann, Steve Metz) mat grousser Majoritéit confirméiert ginn; nei Kandidaturen goufen et keng. Den Alain Schartz huet net méi kandidéiert. Fir 2026 zielt de Comité aacht Memberen. De Präis vun de Memberskaarte bleift bei 15 Euro. Traditiounsgeméiss goufen och d’langjähreg Memberen mat Éierungen ausgezeechent, dorënner Auszeechnungen fir 10, 20, 30, 40 a 50 Joer Veräinszäit. Besonnesch Merci gouf dem Padgen Jury fir 31 Joer Engagement an der Cité Jardinière ausgesprach. Gäscht aus dem CTF-Liga an der Gemeng hu dem Veräin fir seng Aarbecht Merci gesot. De Buergemeeschter Guy Altmeisch huet d’Zesummenaarbecht ënnerstrach an dem Veräin seng Ënnerstëtzung zougeséchert. Zum Ofschloss huet de President allen Uwiesenden fir hiren Engagement Merci gesot. D’Versammlung ass géint 16:30 Auer ofgeschloss ginn.
Nidderkuer, 21. Januar 2026
