Generalversammlung 2023

De Gaart an Heem Nidderkuer a.s.b.l. seet all sengen Memberen, Frënn a Bekannten Merci fir hier Presents op eiser Generalversammlung den 15. Januar 2023.


Mérit du Bénévolat

Haut den 12 Mäerz ass eise Comité's an Éiere Member Annette Weber mam Mérite de Bénévolat op der Déifferdenger Gemeng geéiert ginn. Annette ass 51 Joer an eisem Veräin Member an dovun 21 Joer am Comité aktiv. Leider konnt hat krankheetsbedéngt de Präis net ofhuelen. Eng Delegatioun vum Comité war hei present an eis Vize-Presidentin Catherine Maar huet de Präis am Annette senger Platz entgéint geholl. Mir wënschen dem Annette all vun hei aus eng gutt an schnell Besserung.


Fotoen vum Fréijoersfest

Hei dann och nach e puer flott Fotoen déi en beim Opriichten a beim Ofrappen geknipst si ginn.


Summerfest 2023

En grousse Merci un all eis Frënn déi en eis op eisem Summerfest  gehollef hunn.

Merci fir Är hëllefen, mir hätten et net eleng ouni iech geschafft.

Merci fir är Zäit vir deen mir Iech net laang hu misse froen, Dir hutt Är Fräizäit als selbstverständlech geholl vir eis ze hëllefen.

Merci jidderengem fir déi gutt Zesummenaarbecht, mir haten och dëst Joer e puer flott Stonnen  mat Iech.

Merci,   un all eis Memberen Frënn a Bekannten déi en eis op eisem schéint Fest besiche komm sinn. Et waren trotz dem Reen Samschdes, zwee schéiner Deeg.

Hei nach e puer schéin Fotoen vun eisem Fest.

Fir déi Leit déi et intresséiert, hei och nach Fotoen vun der Preparatioun vun eisem Fest.

Léif Memberen, Frënn an Bekannten

Et ass Kiermes am Duerf an e sou och eist alljärlech, Traditionellt Summerfest.

Fir e schéint a flott Fest ze feieren, brauch en lëschteg, frëndlech an gutt gelaunte Léit,

dofir invitéiere mir   "de Gaart an Heem Nidderkuer"   iech all op eist Summerfest  an déi schéin Cité jardinière. Op äre Besuch géife mir eis häerzlech freeën.


Grillen beim Cactus Bascharage

De Gaart an Heem seet all sengen Frënn, déi en hinnen beim Cactus zu Bascharage gehollef hunn grillen, en grousse Merci vir hiren Asaz. En Merci och un eis Memberen, Frënn an Familljememberen déi en eis wärend denen zwee Grill-Deeg, bei de Cactus besiche komm sinn.


E flotten Owend an eisem Chalet mat gudde Frënn. Mir haten den 28. Oktober all eis Frënn, déien eis dat ganzt Joer duerch gehollef hun schaffen, op e Patt de l‘amitié mat enger gudder SPAGHETTI invitéiert. Mat engem klenge Quiz-Owend an mam Laurie dat eis 5 vu senger beschte Lidder gesongen hat. 

 

 


Baam-Schnëtt


Um Fest vun eisen Gaart an Heem Frënn vun Uewerkuer


Eise Lokatär de Benni hat eis op säi Gebuertsdag a sengem Gaart invitéiert.


Mir hunn an der Kaffisstuff um Hobbymaart geschafft


Op der Nidderkuerer Kiermes


Mir waren bei der Liberté um Oktoberfest zu Nidderkuer.


MIR HUNN VIR D'ÉISCHT AN DER GESCHICHT VUN EISEM VERÄIN PROBÉIERT WÄIN ZE MAACHEN.


Den Ouschterhues an eisem Chalet mat den Nidderkuerer Schoulkanner.


VISITT ZU LASAUVAGE an der Naturschoul, MIR WARE KUCKE WÉI HEI DEN VIZ MAT DE KANNER GEMAACH GETT.


MIR HUNN OCH GEBEESS GEKACHT.