Lucien Marc

 

07.12.1903 - 25.02.1992

 

Lucien Marc, während Jahrzehnten Lehrer in Niederkorn, ferventer Anhänger der Kleingärtnerbewegung. Gründer des bereits im Jahre 1938 existierenden Schulgartens, langjähriger Vize-Präsident der Liue luxembourgeoise du coin et du foyer, verfasste bereits im Jahr 1936 das "Klenggärtnerlidd", das auch im selben Jahr erstmals bei einer Feier der hiesigen Sektion gesungen wurde. Leider wurde dieses Lied nie auf einen Tonträger gebannt und wurde somit nur in der Gemeinde Differdingen bei verschiedenen lokalen Feiern gesungen. Unserem "Marce Luss" zu Ehren veröffentlicht nun die Niederkorner Sektion dieses wunderschöne Lied, auf dass es für immer in die Herzen der Luxemburger Kleingärtner eingeht. Gaard an Heem Marsch vum Norbert Hoffmann

 

De Gaard an Heem Marsch ass den 17. Oktober 2003 am Staater Conservatoire am Kader vum 75. Aniversaire vun der Ligue du Coin de terre et du Foyer vun eiser Militärmusek ennert der Lédung vum Majouer André  Reichling  opgefouert gin. Klenggärtnerlidd - gesongen vum Ensemble Vocal Vivace vun Bascharage ennert der Direktion vum Uli Evrard. Gaard an HeemMarsch - gespillt vun den "Tetelbierg Bléiser vun der Fanfare Nidderkuer ennert der Direktion vum Henri Burgund.

 

Produktion: Gaard an Heem Nidderkuer.  Aufnahme: André Gengler.  Cover:Charel Pettinger & Arthur Wintringer

 

                   Klenggärtnerlidd

1

Eraus,eraus! Klenggäertner eraus!

Kuckt, d'Sonn laacht schon iwerd'Gaarden,

D'Villercher sin och schon op,

Frösch eraus, loosst si net waaerden,

Un d'Geschir! D'Stréihitt op d'Kopp!

Wéi den Da blénkt op de Blieder

An de Blumme lanscht de Pad!

Ei, as dat en herrlecht Wieder!

Jong,eraus, a flénk an d'Rad!
Refrain:

2

Eraus, eraus! Klenggäertner eraus

D'Fréijor könnt a rifft an d'Gaarden,

Eis Klenggäertner mat dem Spuet,

Hopp geschafft! Näischt huet d'zerwaarden,

Dee bei d'Aarbecht sëch geluet.

Wann de Märzwand stäerkt eis Longen,

An dem Eck d'Schnéigléckche wénkt,

Ei,as dat e Schaffen, Jongen,

Wann dobei d'léif Sonn nach blénkt.

Refrain:

3

Eaus,eraus! Klengäertner eraus!

Hei, wéi fänkt et un ze bléien,

Wann de Summer zitt an d'Land

Wöllt der da schéi Saachen kréien,

Ja, dann hääscht ët: D'Stränz an d'Hand!

D'Poretten, d'Zalot an d'Bounen,

Alles wiisst, et as eng Fräd.

Wöllt dann Onkraut d'Méi belounen,

Dann Klenggäertner, sit berät!

Refrain:

4

Eraus, eraus! Klenggäertner eraus!

As den Hierscht do, wat Kéip Saachen,

Hu mir da schon hämgeschlääft,

Poretten, 'tas fir ze laachen,

Wéi ee keng beim Nikla kääft,

Kabessen, unni ze léien,

Déi dräi Kilo schwéier sin,

Alles dat as blous ze kréien,

Wa mer gär un d'Aarbecht gin.

Refrain

5

Eraus, eraus! Klenggäertner eraus!

O wéi arem dach déi Leit sin

Déi fir sëch hun keen Eck Gaard,

Wann se och a Pelz a Seid gin,

D'Mod fir si lääft op de Maart.

Loosst se schwätzen, loosst se goën,

Mä fir eis as deen e Mann,

Dee mat Fräden unni Zoën,

An dem Gaard nach schaffe kann.

Refrain:

Refrain:

Net gezéckt, Fléck gebéckt,

Séch hei net laancht d'Aarbecht gedréckt.

Mir sin d'Klenggäertner,

Frou mat Blumm a Bléi,

Muerges mat der Sonn op,

Löschteg spéit a fréi.

Wa mir am Gaard sin,

As fort all eist Läd,

D'Aarbecht as eist Liewen,

D'Aarbecht as eis Fräd