Hei e puer schéin Fotoen vun eisem Summerfest 2022

Virbereedungen vun eisem Summerfest: 26-30 Juli.

No gemaachen Aarbecht ass dann och e mol den en oder aner Patt gedronk ginn:

Och eise Gedenksteen ass vir eist Fest fäerdeg gemaach ginn.

2 Deeg, Summerfest an eiser Cité jardinière, den 30. & 31. Juli 2022

Nom Summerfest ass dann och nach ofgerappt ginn.


Fréijoersfest 2022

Mir soen all eisen Memberen, Familljememberen, Frënn, an Bekannten, e grousse Merci vir Aarbecht, Ënnerstëtzung an Besuch bei eisem Fréijoersfest. Dir all hutt der zou bäigedroen dass eist Fest e sou flott, schéin a lëschteg war. Et waren 2 Mega schéiner Deeg. Mir hoffen dass e mir iech all gesond a monter op eisem Summerfest den 30 & 31 Juli erëmgesinn.

Merci

 

Hei nach e puer schéin Fotoen vun eisem Fest.


Mir hunn den Dag vun der Aarbecht gefeiert.

Eng schéin 1 Mee-Feier.

Mueres am Hondsbësch zu Nidderkuer

Mëttes am Chalet an eiser schéiner Citè jardinière bei engem gudde Patt an enger gudder Spaghetti.

No engem flotten laangen Dag sinn déi éischt dann och midd ginn. 


03. Abrëll 2022 um Gielebotter-Bierg zu Nidderkuer

Bëschbotzaktioun 2022 an eiser Gemeng Déifferdeng


01. Abrëll 2022

Den Ouschterhues an eiser Citè jardinière


Gebuertsdagsfeier

Dem Jerry seng 60 Joer

Eisen Oldtimer ass no 60 Joer vir d'éischt an eng Technesch Kontroll hei geroden, an hien ass vun engem decken Kontrollbeamten genaustent kontrolléiert ginn. Trotz sengem fortgeschrattenem  Alter war hien, bis op e puer kleng Mängelen, nach ganz gutt an der Rei. An de Kontroller huet beschloss hien nach 20 Joer am verkéier deel huelen ze loossen, bis hien an déi nächst Kontroll geruff gëtt.

 

Eist Annette wat seng 85 Joer gefeiert hat an elo schonn's 50 Joer an eisem Veräin ass, an dovun 22 Joer am Comité, an hei nach ëmmer aktiv matschafft, ass vum Veräin als Éierememberin vum Gaart an Heem Nidderkuer ernannt a geéiert ginn, an huet heibäi den Titel "eelste Porrett" krit. Eisen Éierememberin  d'Annette, déi al Porrett " huet natierlech duerch des gehuewe Positioun seng Aarbecht am Veräin geséchert, bis hat an 10 Joer mam Titel "Uraler Porett" hei dierf matschaffen an geéiert gëtt.

 

Léiwe Jerry, léiwen Oldtimer „OT JH60“

Léift Annett, léiwen Éieremember, Léif „Al Porrett“,

Al mécht net Zuel vun de Joren aus,

al maachen och net déi Gro Hoer.

Al ass, wien de Mutt verléiert,

an sech vir näischt méi intresséiert.

Dofir huelt dëst alles  hei mat Freed, Spaass an Schwong, 

da bleift dir och am Häerze jonk.

Ze Zefriddenheet, Gléck an Gesondheet ass Rezept ural ze ginn.

Dofir huel iech dëst zu Häerzen

a mir feieren nach vill e sou schéin a lëschteg Gebuertsdeeg zesummen am Mount Mäerz

 

Léiwen Éierememberin léiwen  Oldtimer de ganze Comité ass Stolz iech an senger Mëtt hei ze hunn.


Bam-Schnatt 2022

19. Mäerz 2022, im Rahmen der Weiterbildung im Obstbau, wurde auch in der neuen Saison 2022 ein Schnittkursus in unserer Gartenanlage organisiert. 

Leiter des Kursus war Remy BINTENER.

9 Persounen sinn  bei schéinem awer kalem Wieder eiser Invitatioun no komm an hunn dem Här Bintner nogelauschtert an nogekuckt wéi hien eis erkläert huet wéi een e kléngen Uebstbam zréckgeschnidden, gebotzt an gefleegt gëtt. No annerhallwer Stonn, wéi den Här Bintener mat sengem Léiergang fäerdeg war, an tëschenzäitlech eis och nach e puer gutt Frënn besicht haten, hate mir op eiser Terrass bezéiungsweis an eisem waarme Chalet bei engem gudde Patt, Gegrills an engem gudde Steck Taart, den Dag auslafe gelooss. 

Merci dem Här Bintener vir den flotten Léiergang, an och e Merci vir déi Léit déi en sech, bei e sou engem schéine Wieder, Zäit geholl haten bei eis ze kommen.


Eise Comité's Member an gudde Frënn de Marko Schmit huet vun der Gemeng vir séin onermiddlechen Asaz an eisem Veräin, de Mérite du Bénévolat kritt. 


Mir haten an eisem Chalet Fuesent e bëssi gefeiert.

Generalversammlung 2022

Déi schéin Fotoen sinn vun eisem Frênn a Member Bernard Bamberg

Eis Memberen déi en 2022 geéiert gin sinn.

Vir 10 Joer trei Memberschaft:  Fernandes Domingos,  Monteiro Vasco,   Scherer Gaby,      Scherer Paul.

Vir 20 Joer trei Memberschaft:  Brandenburger Raymond,  Depienne Rene,  Fantini Josianne,  Gelin - Gorza, Muller Pascal, Promme Romain, Schroeder-Kappweiler Daniel,  Theisen-Billo Hubert, Treis Robert.

Vir 30 Joer trei Memberschaft: 

Miny Fernand, Padgen Mira,  Pütz Michel,  Schreiner Bernadette.

Vir 40 Joer trei Memberschaft: 

Bernard-Homa Aloyse,  Eischen Johny,  Fleischauer Charlotte,  Reichling-Feck Sisy, Steffen-Hamling.

Vir 50 Joer trei Memberschaft: 

Dahm-Freismuth Virginie,  Flesch-Stiefer Ernest.