Cité Jardinière Aloyse Bernard

Nidderkuer

Eis Cité jardinière gouf vun enger Drohn fir e Film Fotograféiert


Eis Cité jardinière aus dem Flieger


Eise Gedenksteen,

steet vir all eis verstuerwen Memberen aus dem Veräin.


Eis Cité jardinière am Schnéi

Hei e pur flott Fotoen aus eiser schéiner Cité jardinièr 


Haut den 24. Juli 2019 sinn +/- 200 Schof  bei eiser Cité jardinière laanscht komm, an Grasen elo nieft der Cité an der Schutzzone vum Giele Botter.

Wann si no enger Woch do genuch hunn, da Spillen si och eng Kéier Méimaschinn an eisem Bongert.


Plang vun eiser Cité jardinière

Cité Jardinière Aloyse Bernard
Cité Jardinière Aloyse Bernard

Nieft eisem schéine Chalet an eiser Cité Jardinière, déi 138 Meter laang an 57 Meter breet ass, huet eis Sektioun 26 Gäert déi en och schéin an der Rei gehal ginn.     Pacht fir eng Parzell léit   ( hänkt vun der Gréisst of)  bei  0. 25 Euro de Meterkaree Joer. Kontrakter ginn vun Joer zu Joer erneiert. Eis Cité léit an enger Gréng Zone direkt nieft dem berühmten Giele Botter Bierg zu Nidderkuer.


Aarbecht vun den Wëllschwäin an eiser Cité

Hei eng schéin Foto vun eisem Frënn dem Carlo, an e Film vum Frënn Charel Pettinger  hei geséit een flott wou  Wëllschwäin gewullt hunn.