1925
Eisen éischte President den Här Jean Lorgé ass 1925 an der Grënnungsversammlung zu Nidderkuer am Kaffe Pierre Weber-Kieffer vun 40 Garde - Frënn gewielt ginn.
Och gewielt waren als Vize - President den Här Pierre Weber, Keessier den Här Pierre Schmitz, Sekretär den Här J.P. Flander an als Memberen Hären Michel Kiefer, Nic Nurenberg an Jos Welter.
Gläich am éischte Joer hat de Veräin schonns 43 Memberen.
1926
De Veräin huet sech der "Ligue Luxembourgeoise du Coin de Terre et du Foyer" zesummegeschloss.
1932
De Veräin huet séin éischte Fändel kritt.

1935
Den 26 Dézember ass Klenggärtner - Lidd, dat vum Lucien Marc, demols Schoulmeeschter a spéider och Vize President vun der Ligue war, op enger Soirré vun der CTF
Sektioun Nidderkuer fir déischt gesonge ginn.

1938
Den Här Nicolas Kerschen ass President ginn. Hien huet sech deemools staark agesat fir en Schoul - Gaart op Nidderkuer ze kréien. Bei dësem Projet ass hien och vill vum Här Lucien Marc ënnerstëtzt ginn.
1940
No der Landung vun den Däitschen an nach virun der Evakuéierung vun der Bevëlkerung, ass déi Nidderkuerer Schoul an der Schoulstrooss
an der Nuecht vum 10 op den 11. Mee duerch Artellerieféier beschoss ginn. Schoul huet direkt ugefangen mat brennen an all Dokumenter vun der Sektioun Nidderkuer sou wéi de Fändel den
1932 ageweit ginn war, sinn mat verbrannt.

1945
No der Generalversammlung vum 26.12.1944 ass an der éischter Comité Sitzung den 1. Januar 1945 en Neien Comité gegrënnt ginn.
President den Här Pierre Kemp, Vize - President Här Nicolas Kerschen, Sekretär Här Ottilio Wilmes, Keessier Här Michel Ostert, Memberen Hären Mathias Nerden an Camille Poupart. De Keessier huet dann och en hëllef's Keessier zur Säit krit. dëst war den Här J.P. Eichers.
1945
No der Generalversammlung vum 26.12.1944 ass an der éischter Comité Sitzung den 1. Januar 1945 en Neien Comité gegrënnt ginn.
President den Här Pierre Kemp, Vize - President Här Nicolas Kerschen, Sekretär Här Ottilio Wilmes, Keessier Här Michel Ostert, Memberen Hären Mathias Nerden an Camille Poupart. De Keessier huet dann och en hëllef's Keessier zur Säit krit. dëst war den Här J.P. Eichers.
1946
Den 3 Februar huet eis Sektioun Nidderkuer Delegatioun-Versammlung vum Bezierk Süden "Regional-Süd" am Sall Welbrich-Birtz organiséiert.
De 14 Abrëll geet eise President den Här Pierre Kemp an den Zentral-Virstand vun der CTF-Ligue gewielt.
An dësem Joer ass och erëm vir d'éischt no 6 batteren Krichsjoeren eng schéin a vill méi grouss Mammendagsfeier organiséiert ginn.
Och ass dëst Joer erëm en Ausfluch organiséiert ginn. Den 6. Oktober ass de Veräin op den Amerikanesche Kierfecht op Hamm, an duerno an de Mëllerdall, Berdorf, Iechternach, Waasserbëlleg gefuer. Zréck ass et iwwer Réimech, Mondorf op Nidderkuer gaangen.
No der Generalversammlung vum 22.Dezember waren am Comité nach just 5 Persounen:
President: Pierre Kemp, Keessier: J.P. Kugeler, Sekretär: Michel Ostert, Memberen: Aloyse Bernard, Aloyse Muller, Keesserevisoren: J.P. Mentz, Albert Hubert an Théodore Zeien.

1947
Well de Veräins-Fändel 1932 an der Bouweschoul verbrand ass, huet de Veräin de 5 Oktober e neien Fendel krit. Giedel war Madame Schönberg an de Päter war den Här
Michel Moris. Sie sinn mat der Pärdskutsch am Emzuch an Nidderkuerer Kierch gefouert ginn.
No der Mass ass den Ëmzuch dann duerch Nidderkuer bis an den Turnsall an der Bouwe-schoul gaangen. Hei ass dann de Fändel Feierlech vum National-President Här Joseph Olinger enhült ginn. Den Buergermeeschter den Här Pierre Gansen an den Här Libart hunn dann och nach eng kleng Feierlech Ried gehalen. de Sektioun's President den Här Pierre Kemp huet dann nach allen Uwiesenden Merci gesot an Fanfare Nidderkuer huet zum Ofschloss nach e Konzern gespillt. Fähnerich war den Här Jean Eichers. Feierlechkeeten waren schonn den Dag virdrun mat engem Konzern vun den Nidderkuerer Lidder-Frënn ageleet ginn.
Den 18. Oktober war dann d'Ofschlossfeier. Hei sinn dann nach e pur Kaddoen verdeelt ginn. Mat fréi-Béier, (gesponsert vun der Bofferding's Brauerei), an mat Gesang an Danz ass dann dees Feier op en en gaang.
1948
An der Generalversammlung vum 21. November hunn déi Hären Mentz J. an Zeien T. déi Hären Ostert an Nick ersat ginn. Den Här A. Bernard ass hei och als Vize-President gewielt ginn.
1949
Den 18. Dezember no der Demissioun vum Här A. Müller ass
déi éischte Fra Madame Catherine Schütz-Wagner an den Virstand opgeholl ginn.
1951
Den CTF-Verband feiert seng 25 Joer, an
dësem Zesummenhang huet e Grupp Klenggäertner an Schoulgäertner vun Nidderkuer, ënnert der Leedung vum Här Lucien Marc, an der Gäertner-Tracht mat Hit an Schiertecher um Ëmzuch den 12
August deel geholl.
1952
Den 8 Juni Mammendag's Feier mat enger Theater Opféierung vun eisen
Schoulgäertner ënnert der Leedung vum Lucien Marc.
Mat 2 Joer Verspéidung den 31. August huet eise Veräin seng 25 Joer gefeiert. Schonns um Virowend, den 30. August hunn eis Feierlechkeeten am Sall Haupert ugefangen. Hei huet ënnert der Leedung vum Här Aloyse Lorgé Nidderkuerer Fanfare e Konzer gespillt. Och huet hei den Déifferdenger Damen-Turnveräin "L'Avenir" e Programm "Ballets artistique" gewisen. Sonndes dann, no der feierlecher Mass, sinn um Nidderkuerer Kierfecht Blummen niddergeluecht ginn. Duerno sinn dann am Musekssall eis Jubilaren mat enger Auszeechnung geéiert ginn. Hei béi hunn dann déi Nidderkuerer Lidderfrënn gesongen. Um 12 Auer war dann e Festlech Iessen am Veräin's-Lokal A. Weber. Um 14 Auer 30 sinn dann eis Invitéiert Veräiner op der Gar empfaange ginn, mat engem Ëmzuch sinn si an den Musekssall gaangen, wou et den Éierewäin ginn ass. Owes war dat grousst Ofschlossfest am Sall V.Lippert. President vum Organisatiounscomité war den Elisée Orazi, an de Sekretär war den Här Lucien Haupert.
An der Generalversammlung vum 23. November, wou 3 Demissiounen am Virstand virlouchen, sinn och 3 nei Memberen an den Virstand gewielt ginn. Folgend Léit waren e lo am Virstand: President Pierre Kemp, Vize-President Aloyse Bernard, Sekretär an Keessier J.P. Kugeler, 2 Keessier Poupart Marcel, Memberen Jean Mentz, Michel Moris, Meyer Bernard, J.P. Sosson, Pierre Spanier.
1953
An der Virstand-Sitzung vum 15. Februar ass beschloss ginn, sech un enger Spent beim
CTF-Verband ze bedeelegen, fir hei mat bei der Iwwerschwemmung's Katastrof an Holland ze hëllefen.
De 15 Februar organiséiert eis Sektioun den Klenggäertner Kongress vun der Regional Süd am Sall Lippert - Origer. An dëser Versammlung ass dann och deemools beschloss ginn, dem Erb-Groussherzog Jean den déi Zäit Protektorat iwwer déi gesamten Lëtzebuerger Klënggäertnerbeweegung iwwerholl hat, eng Spent déi vun den Sektiounen ze summen gedroen ginn ass, ze iwwerweisen. Des Spent ass fir e Kanner-Spidol hei zu Lëtzebuerg geholl ginn.
Hei nach eng kleng Anekdot, well Versammlung vum 26. Abrëll net am "Annonceblad" konnt Publik gemaach ginn, ass den Här Mathias Schuller mat der Schell duerch Duerf gaangen fir Versammlung Publik ze maachen.
1954
De Veräin ass den 1,2 an 3 Abrëll an Holland
gefuer, wouen sie Tulpen-Felder besichen waren.
No den Wahlen an der Generalversammlung vum 28. November huet de Vierstand volgendermos ausgesinn: President Pierre Kemp, Vize-President Aloyse Bernard, Sekretär an Keessier J.P. Kugeler, Memberen Jean Mentz, Michel Moris, Meyer Bernard, J.P. Sosson, Michel Heymans und J.P. Urth.
Op der Mammendagsfeier den 10 Juni huet de Här Marc
Lucien mat sengen Schüler, respektiv Klenggäertner eng Theater Virstellung gemaach.
Den 30 September huet dann nach eng Rees op Gréiwemaacherer wou en Drauwefest stattfonnt.
1957
Dëst Joer op der Mammendagsfeier den 2. Juni am Sall Haupert zu Nidderkuer, war de Här Marc Lucien verantwortlech, den Här Marcel Metzler ( de blanne Marcel ) huet Musik gespillt.
Am September ass et dann Knëppel deck komm, Gebridder Theis huet dem Veräin Partland am Péitenger Wee gekënnegt. De Virstand huet probéiert e sou schnell wéi méiglech neit Gardeland ze fannen.
Bei der Aweiungsfeierlechkeet vum "Monument aux Morts" am Hondsbësch den 27. Oktober huet de Veräin och mat gefeiert.
1958
An der Generalversammlung an dësem Joer huet den Här Michel Moris Krankheetshalber seng Kandidatur net méi gestallt, an senger Platz ass den Här Jean Ney gewielt ginn, hien huet dann och den Sekretär Posten iwwerholl. Den Här Moris ass zum Éieren President ernannt ginn.
1961
De Här Pierre Kemp get vun sengen Gardefrënn vum CTF Nidderkuer fir seng 80 Joer
geéiert.
Hei Nimm vun dësen Léit:
Uewen v.l.n.r. Robert Hollerich, Nic Conter, Johny Weinacht, Gilbert Haupert, Michel Heymanns, Tulio Leoni, Adolphe Demuth, Madame Madelaine Demuth, Fony Hilbert, Johny Ney.
Ënnen v.l.n.r. Nic Wirtz, Aloyse Bernard, Pierre Kemp, Madame Barbe Felgen an den Här Strock.
An der Generalversammlung vum 19. November ass den Här Johny Weinacht an de Virstand gewielt ginn. Den Här Lucien Marc, Vize President vum Verband, huet e Virtrag iwwert Thema "Freizeitgestaltung" gehalen.
1969
De Veräin huet sech eng nei Mikro-Anlag kaaft. Den Här Theo Peffer, huet den 30. Mäerz bei sengem Virtrag iwwert "Rosenpflege" dees Anlag vir éischt benotzt.
De Veräin huet an dësm Joer och e neien Fändel krit.
Giedelen waren: Madame Claire Sossong an Madame Sophie Heymanns.
Pätteren waren: Jos Haupert an Pierre Lazzara.
Fänerich war den Här J.P. Urth.
De Virstand vun der CTF Sektioun Nidderkuer mam neien Fändel:
v.l.n.r. Här Nic Conter, Här Tulio Leoni, Vize President a Keessier Johny Ney, Éiren President: Här Pierre Kemp, President: Här Aloyse Bernard, Sekretär: Här Johny Weinacht, Här J.P. Kugeler, Här Michel Heymanns, Här Gilbert Haupert, Fänerich Här J.P. Urth.
De Cortège ass op der Maartplaz zu Nidderkuer fort gaangen. Fir am Cortège huet Fanfare Nidderkuer gespillt. Den Ëmzuch ass bis bei Kierch gaangen. Hei huet de Paschtouer Léon Nanquette si empfaangen. No der Kierchlecher-Feier ass en Éiren Wäin am Sall Haupert gedronk ginn. Déi Hären Jos Haupert an Pierre Lazzara hunn hei och fir hir laang Järeg Memberschaft am Veräin, déi Gëllen Veräin's-Nodel iwwerreecht krit. Den President Aloyse Bernard huet allen Unwiesenden fir hier spenden an hier gutt Zesummenaarbecht merci gesot, besonnesch den Giedelen an de Pätteren, déi en dann och nach e Kaddo Iwwerrescht krit hunn. Duerno sinn nach e pur schéin Stonnen zesummen verbruecht ginn.
1971
An dësem Joer ass vill iwwert de kaf vum Haus "Walsch" um Eck rue Theis an rue Ste
Barbe geschwat ginn. D'Haus war fir 200 000 Fr.Lux ze verkafen. De Gaart an Heem war un dësem Gebai intresséiert. An der Virstand-Sitzung vum 09. Januar hat Mehrheet vun den Memberen der
géint gestemmt. Eng Eenegung ass awer fonnt ginn wéi "Oeuvres Paroissiales" och Intresse un dësem Haus gewisen hat. Den 8. Mäerz ass dunn e Kompromëss ënnerschriwwe ginn, wou
"Oeuvres Paroissiales" d'Haus fir 180 000 Fr.Lux, an der Gaart an Heem de Schapp fir
20 000 Fr.Lux kaaft hunn.
D'Haus "Walsch" um Eck rue Theis an rue St. Barbe zu Nidderkuer. Wou haut 2 nei Garagen sinn war fréier de Schapp vum Gaart an heem.
1972
13. August huet de Veräin en Ausfluch an d' Ahntal gemaach, Mueres Kaffi zu Daun, Mëttegiessen zu Altenahr, an um Heemwee ass zu Tréier d'Owendiessen zerwéiert ginn.
1973
3. Juni huet de Veräin Mammendag gefeiert, vir Ënnerhalung huet "Chorale Ste Cécile" ënnert der Leedung vum Här Erny Evrard gesoucht.
Den 26 August huet de Veräin en Ausfluch op Gérardmer gemaach, um Heemwee ass et iwwert de Kol du Bonhomme, Kol de la Schlucht an iwwert Baccarat op Metz, wou dann och nach d'Owendiessen ginn ass.
1974
An der Comité's Sitzung vum 31. Mäerz ass beschloss ginn de Gaart am "Maien" un d'Arbed ze verkafen.
Den 18 August ass en Ausfluch an den Mëllerdall an op Iechternach gemaach ginn.
Den Affekot Jos Lucius huet den 22. September e flotten Virtrag iwwert "Zweck eines Ehevertrages" gehalen.
No der Generalversammlung vum 08. Dezember 74 huet sech de Comité ze summe gesat aus den Memberen,
President: Aloyse Bernard, Viz-President an Caissier: Johny Ney, Sekretär: Robert Hollerich, Memberen: Mich. Heimans, Nic Conter, Gilbert Haupert, Madame Weyland-Dell, Jos Tock an Camille Faber.
1975
Den 30 an den 31 August ass de Veräin op Bundesgartenschau op Mannheim gefuer.
Samschdes den 20. September ass dem Veräin séin 50. Gebuertsdag gefeiert ginn.
Heifir war um 19 Auer eng Mass an der Nidderkuerer Kierch vir all Member gehale ginn.
Duerno ass am Festsall vum Jean Haupert eng Feierlech Versammlung gehale ginn
Geschwat huet den President vum Veräin Aloyse Bernard, den Här Loos M. vum Zentral-Virstand an zum Schluss den Här Buergermeeschter Jos Haupert. Op dëser Feier sinn 6 Gold-Medailen an 108 Selwer-Medailen un laangjäreg Memberen verdeelt ginn.
An der Generalversammlung vum 14. Dezember huet den Generalsekretär vum Verband den Här Théo Peffer e Referat iwwert Sonneblummen gehalen.
1976
12. Juni huet de Veräin Mammendag gefeiert.
Hei huet den "Cercle Mandolinist Municipale Differdange" ënnert der Direktioun vum Här Lucien Lauer vir Memberen gespillt.
De 14., 15. an 16. August huet de Veräin eng Rees bei den Bodensee gemaach.
Un dëser Rees hunn 45 Memberen deel geholl.
Den 1. Dag ass Colmar, Freiburg am Schwarzwald, Titisee an Schaffhausen besicht ginn.
Den 2. Dag ass Insel Mainau, Rheinfalles an Konstanz besicht ginn.
Den 3 Dag ass et iwwer Donaueschingen, Triberg, Stroossbuerg an Metz zréck op Lëtzebuerg gefuer ginn.
An der Comité's Sitzung vum 27. November huet de Comité beschloss e Grondstéck genannt "An der Oicht" vum Här Wolter ze kaft.
