Kommentare: 16
  • #16

    Gaart an Heem Uewerkäerjeng (Mittwoch, 13 Oktober 2021 14:06)

    Léif Memberen vum Gaart an Heem Nidderkuer,

    Heimat wëlle mir ons nach eng Kéier ganz häerzlech fir aeren wonnerbaren Accueil vu gescht bedanken.
    Dei gebueden Informatiounsversammlung wor excellent organiséiert a sécher nëtzlech. Iwwerhaapt huet ons dee ganzen Owend an Äerer Mëtt voll a ganz begeeschtert.

    Bis geschwen, léif Noperen

    Sascha, Romy a Christophe,
    (Gaart an Heem Uewerkäerjeng)

  • #15

    Den Gaardenries (Montag, 16 August 2021 12:52)

    Léif Frenn vum Gaard an Heem vun Nidderkuer,
    Ech war den 31.Juli an och Sondes den 01. August op aerem Summerfest 2021 a hun fest gestallt dass et erem mega gutt organiseiert war,vill Auswiehl fir z'iesen,gudden an frendlechen Service ,apart d'Sangria déi war excellent awer och aer Tombola an d'Musik waren richteg flott.
    Ech muss iech nemmen félicitéieren a wënschen iech nemmen dat Bescht fir d'Zukunft

  • #14

    Den Gaardenries (Sonntag, 14 Juni 2020 00:42)

    Ech wënschen all den Mammen aus aerem Verein een ganz schéinen Mammendag
    Bleiwt Gesond a Monter

  • #13

    Den Gaardenries (Montag, 01 Juni 2020 15:31)

    Salut dir léif Kollègen aus dem
    Gaart a Heem Nidderkuer.
    Ech war virun 3 Deeg mol erem emol duerch äer Cité Jardinière getreppelt,ech muss soen dass ech astaunt war ewei schéin déi Gärt sin an elo alles esou schéin opgeraumt ass.
    Félicitatioun iech all vum Verein an all deenen Memberen déi een Gaart do hun.
    Macht esou weider BRAVO

  • #12

    Den Gaardenzwerg (Montag, 20 Januar 2020 13:15)



    Hei sinn ech erëm no laanger Zäit,ech wollt iech Zäit loossen fir ze kucken wei der iech géift entwéckelen, ech mengen natierlech den neien Comité.

    Ech war jo an der Generalversammlung en Sonnden den 19/01/2020 ,also ech kann nëmmen soen Chapot,Chapot,Chapot .

    Dat wat dir an deenen leschten puer Méint gelëscht hutt dat sicht senges Gleischen,do kennen der vill sech eng Nues voll huelen,et huet en gemierkt dass der endlech déi al Lascht lass sidd .Esou vill Leit hunn ech schonn Joren laang net méi an enger Generalversammlung vum Gaart an Heem gesinn,Kompliment,och war et eng ganz flott Versammlung,déi Powerpoint Show super,an och déi Idee fir emol erëm Blummestäck an der Tombola ze hunn ass wonnerbar bei ären Memberen un komm.

    Dir Dammen an dir Hären,weider esou ,ech verbeugen mech ,an freeën mech elo schonn op dat wat eis nach an Zukunft erwaart.

    An dem Sënn,
    Eraus,eraus, kleng Gärtner eraus........

  • #11

    Den Gaardenzwerg (Mittwoch, 07 August 2019 01:02)

    Mega, super,sensationnel, ...........et fällt mir einfach schweier den richtechen Ausdrock ze fannen fir dat scheint Summerfest vun desem Joer.
    Respeckt fir dei gut Organisatioun,et ass wierkelech neischt auszebsetzen.
    Extra gut huet mir awer dest Joer Pasteitschen geschmacht,en greussen Luef un dei Leit aus der Kichen.
    Och Beier Happyauer vum Samsdech war en Erfolleg,dat huet een un denen villen Leit gesin , dei den Daag an der wonnerscheiner Cité Jardinière waren.
    Dem ganzen Comté en greußen Luef ,eseu kann et weider goen.
    An dem Sënn,
    Eraus,eraus, kleng Gärtner eraus........

  • #10

    Den Gaardenries (Dienstag, 06 August 2019 14:21)

    Ech war den leschten Sonden zu Nidderkuer um Summerfest vum Gaard an Heem.
    Esou een schéint Fest hun ech schon lang net mei gesin.
    Do huet awer och alles ganz gutt geklappt,vum Iessen iwwer Gedenks an den Service,alles Tip Top.
    Félicitatioun un all déi Leit déi Deel geholl hun fir d'Summerfest esou hin ze kreien. Ech kann nemmen soen mat esou weider.

  • #9

    Den Gaardenries (Sonntag, 28 Juli 2019 13:24)

    Ech fannen et immenz ewei déi 10 Komitésmemberen aus dem Nidderkuerer Garten und Heim mat all hiren Frenn bis elo schon esou vill Arbecht mat enger gewessener Rouh gemach hun.
    Aer Cité Jardinière kann een als Firbild huelen.
    Félicitatioun Iech all,mat esou weider,nemmen esou geet et Biergop.
    Wënschen dem Verein vill Succès fir Summerfest an och fir Zukunft.

  • #8

    Den Gaardenzwerg (Samstag, 08 Juni 2019 01:08)

    Ech sin gewuer gin dass den Pettinger Charel aus gesondhëetleschen Grënn als Président vum Gaard an Heem démissioneiert huet ,dest ass bestemmmt en greußen Verloscht fir den Ferein.
    En denckbar schlechten Zeitpunkt ,wann en jo wees dass den Charel als Président, an den neien Comité erreicht am März dest Joer nei gewielt gin sin.
    Fir dei Leit weu elo nach bleiwen gett et bestemmt net eseu einfach fir den Ferein traditiounsgerescht weider ze feieren.
    No dem wat ech awer an denen leschten puer Meint gesin hun,ass et mer net Angscht dass hinnen dat net gelengt.
    Ech wënschen dem Comité vill Courage beim erhaalen vum
    Traditiouns Ferein dem Gaard an Heem vun Nidderkuer.

    Dem Charel wënschen ech awer och eng gut Besserung .

    An dem Sënn.
    Eraus,eraus,kleng Gärtner eraus.........

  • #7

    Den Gaardenzwerg (Dienstag, 14 Mai 2019 00:57)

    En greußen Merci un dei Comitésmemberen ,an awer och un eis Benéwollen,dei hier Freizeit geopfert hun, an dëst Joer Deeg lang sech un dem Entretien, an un der Freijoersbotz vum Chalet bedeelegt hun,dei lang iwerfällech war.
    All dei Leit hun derzeu beigedroen dass och dest Freijoersfest erem eseu flott gin ass.
    Leider konnten awer och sie neischt um Wieder ënneren.
    An dem Sënn .
    Eraus, eraus, kleng Gärtner eraus........

  • #6

    Den Gaardenzwerg (Dienstag, 02 April 2019 06:04)

    En ganz trauregen Gaardenzwerg .

    Charles Pettinger als Nachfolger von Triny Haupert .
    Für die 315 Kleingärtner des Gaart an Heem war 2018 ein schwarzes Jahr. Die langjährige Präsidentin Triny Haupert verstarb unverhofft. Anlässlich der Generalversammlung wurde ihr Andenken geehrt. Kassierer Charles Pettinger bezeichnete die Verstorbene, die dem Lokalvorstand während 32 Jahren angehört hatte – davon 24 Jahre als Vorsitzende – als ein Stück Vereinsgeschichte.
    (Luxemburger Wort 02/04/2019)

  • #5

    Den Gaardenries (Sonntag, 10 März 2019 12:36)

    Ech schleissen mech den Wieder vum Gaardenzwerg 100 % mat un
    Et war alles Top op der Generalversammelung , mee Schlusswuert vum President Pettinger Charel war natierlech den Hummer,wou hien den Leit den Problem vun den Weldschwein explizeiert huet,a gesot huet dassen 30 Weldschwein um Begriefnis waren.
    Den Komité vun der Nidderkuer Equipe ass ganz gutt opgestallt,besser geet et net.

    Bonne Chance fir Zukunft

  • #4

    Den Gaardenzwerg (Freitag, 08 März 2019 05:27)


    Felicitatioun fir déi gelongen Generalversammlung vum 3 Mäerz 2019 .
    Eng gelongen Iwwerraschung war et och der Versammlung op Fuessonndeg Berliner ze offréieren .
    Ganz besonnesch ass awer den Courage vun deenen neien Comitésmemberen mat dem neien President fir Joer 2019 erfir ze hiewen.




    Ganz besonnesch ass awer den Courage vun deenen neien Comitésmemberen mat dem neien President fir Joer 2019 ervirhiewen.

  • #3

    Jeannot Christophe (Dienstag, 27 Februar 2018 14:06)

    Salut Arthur, wéi gewinnt hues de eng flott Home-Page mat schéine Biller vun eisen Frënn.
    Freeën eis schon erem op dat nāchst Fest.

  • #2

    Leo Steiner (Dienstag, 27 Februar 2018 08:27)

    Hallo Arthur,
    E flotten Site, flott Säiten a Fotoen.
    Meng Fra léist froen op en och Kach Rezepter kënnt schreiwen ?

    Weider esou.

  • #1

    Mario F. (Dienstag, 27 Februar 2018 08:20)

    Eng flott HomePage, weider e sou.
    Ech muss dest och an eisem Veräin duerchsetzen.