1 Meefeier
De Gaart an Heem Nidderkuer feiert den Dag vun der Aarbecht.
Am grousse Bësch beim Roudenhaff. Loft ass frësch an de Bësch ass Gréng, déi kleng Meegläckelcher bléien an Schlësselblummen der nieft. De Bësch-Buedem ass schonns schéin faarweg. Wou fill Gréng Gestrëpp's mat Blieder zesumme waren hu mir Halt gemaach. Zu 1,2,3 a 4 lafe mir an schneiden, net ze vill awer genuch, Streiss fir eise Meekranz. Streiss ginn zesumme gebonnen, zu engem Kranz, schéi ronn solle e ginn, nach e Strauch hei an nach en do. An d'Mëtt vum Kranz dann nach eist Schëld "Gaart an Heem Nidderkuer" No enger gudder Stonn an der frëscher Bësch-Loft, hunn mir eis dann nach mat enger gudder Fläsch Béier an engem Bréitchen gestäerkt. Déi eng oder aner Retusch ass nach um Meekranz gemaach ginn an eise klengen, schéinen a ronnen Meekranz war fäerdeg.
Mouke Wanderung zu Lasauvage
Haut huet eng Delegatioun vum Gaart an Heem Nidderkuer den Mouken iwwert Strooss gehollef. 41 Mouken hate mir gesammelt an bei de Weier bruecht wou si hier Eeër "Läich/Fräschebruck" an d’Waasser ofleeën kënnen, ouni dass en si op der Strooss vun engem Auto iwwerwannt konnte ginn.
Den 2. Abrëll, den Ouschterhues hat seng Eeër an och Schockela an eiser Citè jardinière zu Nidderkuer verstoppt. 27 Nidderkuerer Schoulkanner hunn gutt gesicht a vill Schockela an Eeër mat Heem geholl.
20. Mäerz 2021.
Mir haten an eiser Cité jardinière e Uebstbamschnett mam Här Bintener Remy organiséiert. Et war ganz intressant an dem Här Bintener Remy huet et och gutt bei eis gefall.
Den 14. Mäerz 2021 hate mir eis Generalversammlung am Hôme zu Nidderkuer. Wéinst der aktueller Corona Pandemie hu mir eis un déi Sanitär Reegelen gehalen. Dowéinst sinn mir leider mat den Sëtzplazen limitéiert gewiescht. Trotz allem waren e puer Memberen eiser Invitatioun no komm.
