Verstuerwen Memberen

Gedenksteen – E Stëllen Zeien

An der Rou vun der Cité Jardinière steet e Steen, fest, einfach, éierlech. Net  aus Granit, mee aus Erënnerung, un all déi, déi mat Léift an Engagement gewierkt hunn. 100 Joer vun Hänn, déi geséint, geplanzt a geschafft hunn, vun Häerzer, déi gegleeft hunn, vu Séilen, déi d’Wäerter vum Veräin gedroen hunn. Dëse Steen schwätzt net, mee hien erzielt. Vun Zäit, vun Traditioun, vun Hoffnung. Hie steet fir all déi, déi net méi ënnert eis sinn, mee déi mir an eisem Wierken weiderdroen.


D'Erënnerung un eis verstuerwen Memberen ginn ni verluer,

well mir Si an eisen Häerzer droen